Actualités

MathleTIC Kapprechen-Challenge

MathleTIC Kapprechen-Challenge
21/02/2020

D’MathemaTIC-Team organiséiert vum 25. Februar um 8:00 Auer bis den 28. Februar 2020 um 16:00 Auer déi véiert Oplag vum nationale MathleTIC Kapprechen-Challenge.
Dëse Challenge gëtt iwwer d'MathemaTIC-Plattform proposéiert an ass zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.

Am Kapprechen-Challenge geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech. Déi Klassen, déi am Duerchschnëtt déi meeschte Stären a Medaile pro Schüler sammelen, gewanne Porte-clés mat dem MathleTIC-Maskottchen an eng Coupe fir d’Klass. All déi aner Klasse gi mat engem MathleTIC-Zertifikat belount.

Bei der leschter Editioun hunn am Ganzen 1.313 Schüler matgemaach an si hunn insgesamt 1.490 Stonne laang Kapprechnunge geléist.

All Klass ka matmaachen! D'Léierpersonal muss sech just op www.mathematic.lu mam IAM oder Office 365 Konto umellen, eng Klass erstellen an d’Schüler mussen sech mat der Klass verbannen. Et muss keng extra Klass fir den Challenge erstallt ginn a wärend dem Challenge wäert ee Pop-up Message weider Informatioune ginn.

Fir weider Detailer oder Froen zur Umeldung, kontaktéiert d’MathemaTIC-Team um 247-75249 oder iwwer mathematic@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu