Actualités

Eng Bande dessinée fir op de Klimawandel opmierksam ze maachen

titoOnz / Shutterstock.com
20/07/2020

Den 3. Juli gouf de kanadeschen Nationalfeierdag zu Lëtzebuerg online zelebréiert. An deem Kontext huet d’Mme Karen Wauters, Consule honoraire du Canada zu Lëtzebuerg, sech eng Éier doraus gemaach d’Lëtzebuerger Editioun vun der Bande dessinée Frozen Ground Cartoons mam Numm Et entdeet! dem M. Olivier Nicoloff, kanadeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, esou wéi der kanadescher Communautéit aus dem Grand-Duché virzestellen.

Frozen Ground Cartoons

Déi wëssenschaftlech Bande-dessinée Frozen Ground Cartoons stellt op eng witzeg a labber Aart a Weis d’Polarfuerschung, den Alldag vun de Fuerscher um Terrain an d’arktescht Ëmfeld duer. Et ass d’Resultat vun enger internationaler Kollaboratioun tëschent Fuerscher a Kënschtler, déi dofir sensibiliséiert, datt de Permafrascht op ëmmer méi Plazen ëmmer méi séier entdeet.

D’Zilgrupp sinn esouwuel d’Kanner an déi Jugendlech, ewéi och d’Elteren an d’Léierpersonal.

Frozen Ground Cartoons op Lëtzebuergesch

D'Bande dessinée Frozen Ground Cartoons ass schonn a verschiddene Sproochen, ënnert anerem op Franséisch, Däitsch, Englesch a Schweedesch publizéiert ginn. Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM), dem Sportlycée (SLL), dem Lycée Michel Lucius / International School (LML) an dem Lycée de Garçons Esch (LGE) hunn déi ganz Texter op Lëtzebuergesch iwwersat an am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) goufe se nogelies.

D'Bande dessinée ass an de leschte Wochen un all d’Schoule vum Enseignement fondamental a vum Enseignement secondaire a verschidde Sproocheversiounen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Russesch) verschéckt ginn.

Zu Lëtzebuerg gëtt de Projet vum Fonds National de la Recherche (FNR), vu polar.lu, vum SCRIPT, vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), vum Institut grand-ducal / Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique an vum Musée national d'histoire naturelle (MNHN) ënnerstëtzt .

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu