Actualités

E musikalesche Bastelspaass

Batterie
08/12/2020

Ënnert dësem Link fënnt een déi neiste musikalesch Kollaboratioun tëscht dem SCRIPT an der Philharmonie.

De Bob aus der mimamu.lu-Equipp huet mat der Philharmonie eng Serie un Erklärvidoe konzipéiert, an deenen d’Welte vun der Musek a vum Bastelen aneneegräifen.

Dësen éischten vun insgesamt dräi geplangte Videoe weist, wéi een an der Klass oder och doheem seng eege Batterie bastele kann; ganz ouni Problem mat Saachen, déi een ëmmer doheem huet: Béchsen, Deckelen, Stëpp an Zahnstocheren. An den nächste Woche soll nach gewise ginn, wéi een och nach aner Museksinstrumenter selwer hierstelle kann.

Vill Spaass beim selwer Bastelen a Musizéieren!

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu