Actualités

schouldoheem On Air!

Logo Schouldoheem On air!
22/02/2021

Ab dem 23.03.2021 ginn erëm deeglech nei Emissioune vum SCRIPT um schouldoheem On Air! gewisen.

Bis d’Ouschtervakanz fënnt een all Dag um 16h30 een neie Bäitrag mat ganz ënnerschiddlchen Themen an ëmmer fir aner Alterskategorien.

Esou ass och fir all Kand sécherlech eppes dobäi. D’Emissiounen sinn esou opgebaut, datt een entweder ënnerhale gëtt, wéi z.B. mat flotte Geschichte fir nozelauschteren, oder datt ee selwer matmaache kann; wéi z.B. beim Bastelen, Sangen oder Sport.

An den nächste Woche ginn och ganz aussergewéinlech Bäiträg gewisen; esou wäert z.B. en Zauberer seng geheim Tricker weisen a verroden, et gëtt zesumme gekacht an et gi spannend Experimenter ausprobéiert. Och wann een nomëttes eng Kéier keng Zäit huet, kann een zu all Moment an der Mediathéik op www.schouldoheem.lu d’Emissiounen nach eng Kéier ukucken.

Dës Woch um Programm stinn:

• en Dënsdeg “Sangen a wibbele mam Sandra “ (fir den Zyklus 1 an 2),

• e Mëttwoch eng sportlech Aktivitéit mat der “Ballschoul fir doheem mam Lina a Karel” (fir jidderee vum Zyklus 1 bis 4),

• en Donneschdeg gëtt d’Geschicht vum “Toni um Mëschtekoup mam Romy” erzielt (Zyklus 1 an 2),

• an e Freideg gëtt mat “Denger Foto am Gaart mam Edith” gebastelt (Zyklus 2 bis 4).

Vill Spaass beim Nokucken a Matmaachen!

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu