Actualités

Kodéier‐Workshops fir d’Cyclen 1 bis 3

Kodéier‐Workshops fir d’Cyclen 1 bis 3
22/03/2021

Vu Mäerz bis Juni 2021 offréiert de SCRIPT an alle 15 Regional‐Direktiounen Kodéier‐Workshops fir d’Cyclen 1 bis 3 vum Enseignement fondamental.

Zil vun dëse Workshops ass et, op spilleresch Manéier ze weisen, wéi algorithmescht Denken am Alldag ka genotzt ginn.

Extern Experte kommen an engem Moie wärend dräi Stonne mat de SchülerInnen an d’Klass schaffen a féiere si an d’Welt vum Computational Thinking an.
Code Club Luxembourg, Déi kleng Fuerscher, Kids Life Skills, Maltem Luxembourg Consulting Group, Women in digital empowerment (WIDE) a Workshop4Me freeën sech, hiert Wësse mat de SchülerInnen op eng flott an aktiv Manéier ze deelen.

Et gi keng Kodéier‐Kenntnisser virausgesat.

E puer Workshops si nach fräi. Umelle kann een seng Klass ënnert dësem Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu