Actualités

Konscht vu Schüler am Kader vum Projet Re-Ordinary

Konscht vu Schüler am Kader vum Projet Re-Ordinary
22/06/2021

Re-Ordinary ass e Projet dee vum SCRIPT, dem Casino Luxembourg an dem Fonds Kirchberg an d’Liewe geruff ginn ass.
4 Klassen aus der Voie de préparation aus dem Lycée technique de Bonnevoie (LTB), dem Lycée technique du Centre (LTC), dem Maacher Lycée (MLG) an dem Lycée des Arts et Métiers (LAM) haten d’Chance bei dësem flotte Projet dierfen dobäi ze sinn.

D’Schüler, déi an de Workshops vun der Konschtvermëttlerin a Kuratorin Saskia Riedel begleet goufen, hunn sech un dem franséische Kenschler Benedetto Bufalino senge Wierker inspiréiert vir aus gebrauchten Objeten eng Skulptur ze kreéieren.

De Schüler hier Konschtwierker si vum 19. bis de 27. Juni 2021 am Casino-Display beim Fëschmaart an der Stad ze bewonneren.

Ënnert dësem Link fënnt een Film- a Fotosmaterial, esou wéi weider interessant Informatioune ronderëm de Projet.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu