< retour
D‘Aschreiwunge fir de Bicycool sinn elo online. Connectéiert Iech op bicycool.script.lu an wielt déi Horairen aus, déi Iech am Beschte passen.
Passt beim Aschreiwe fir de Projet Bicycool C2-C4 w.e.g. op, datt dir all Klasse vun Ärer Schoul oder Ärem Cycle regruppéiert an eng gemeinsam Aschreiwung maacht.
Am Fall, wou Dir Problemer hutt oder keng Datumer méi disponibel wieren, maacht eis einfach eng E-Mail mat Äre Froen op bicycool@script.lu. D‘Equipe mellt sech dann esou séier wéi méiglech bei Iech.
Fir de Projet Draisienne (Laufrad) schreift d‘Léierpersonal all Klass eenzel an. Wann awer méi Klassen aus engem Gebai interesséiert sinn, kënnt Dir eis och op der bicycool@script.lu kontaktéiere fir ze préiwen, ob d’Méiglechkeet besteet, dass mir an engem Mueren zwou Klasse kënnen huelen. Dat Eenzegt, wat fir eis muss garantéiert sinn, ass den Zougang zu engem Turnsall.
Och, wann Dir allgemeng Froen zum Projet hutt, maacht eis einfach eng E-Mail mat Äre Froen an Donnéeën, mir mellen eis dann bei Iech.
Vill Spaass beim Duerchféiere vum Projet!