Actualités

“zesumme wuessen!” - Projet Alphabetiséierung

''
31/05/2022

De Pilotprojet vun der Alphabetiséierung “zesumme wuessen!” start am September 2022 a 4 Gemengen: Diddeleng (Schoul Däich), Déifferdeng (Schoul Uewerkuer), Schëffleng (Schoul Nelly Stein) a Fiels a gouf vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse (MENJE)/ SCRIPT an enker Zesummenaarbecht mat de Regionaldirektiounen, den Enseignanteën/ Enseignanten  an de Gemengeresponsabelen ausgeschafft.

D'Eltere kënnen no Concertatioun mat den Enseignanteën/ Enseignantë wielen, op hir Kanner am Cycle 2.1 op Däitsch oder op Franséisch alphabetiséiert ginn.

D'Preparatioun op d'Alphabetiséierung an der entspriechender Sprooch fänkt am Cycle 1 un, fir dass d'Schülerinnen a Schüler kënnen eng gutt Basis opbauen.

Am Cycle 2 bleiwe gemëschte Klasse bestoen, just an de Sprooche ginn d'Schülerinnen a Schüler opgedeelt.

Als Léiermaterialie gi fir de Pilotprojet zum Deel d'Bicher aus den internationale Schoule genotzt. D'Socles de compétences aus dem Plan d’Études bleiwe bestoen, just gëtt déi däitsch a franséisch Sprooch inverséiert. Dat heescht, och wann d’Schülerinnen a Schüler op Franséisch alphabetiséiert ginn, léieren se d'Däitscht esou wéi de Moment d’Franséischt enseignéiert gëtt.

De Projet gëtt vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET), vun der Université du Luxembourg a vun engem wëssenschaftlech Rot begleet an d'Enseignanteën/ d'Enseignantë gi souwuel vun Expertinnen/ Experten aus den internationale Schoulen, wéi och duerch Formatiounen, déi vum Institut de Formation de l'Éducation nationale (IFEN) ugebuede ginn, ënnerstëtzt.

Fir weider Froen: alpha@script.lu

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu