Actualités

De SCRIPT um 'Symposium zur Bewegungserziehung für Kinder und Jugendliche'

''
23/10/2024

E Samschdeg, den 19. Oktober 2024 huet d’Beweegungsekipp vum SCRIPT um 'Symposium zur Bewegungserziehung für Kinder und Jugendliche – Bewegung mehr als nur Sport? Sport mehr als nur Bewegung?' zu Miersch am Lycée technique pour professions éducatives et sociales (L.T.P.E.S) deelgeholl.

D’Organisateuren haten als Zil, den Acteuren aus de Beräicher Beweegungsfërderung bei klenge Kanner, Kanner a Jugendleche villfälteg Ureegungen an Iddie fir d‘Ëmsetzung am Alldag unzebidden.

Moies goufen 13 Virträg a mëttes 14 praktesch Workshop vun nationalen, esou wéi och internationalen Experten zur sënnvoller Gestaltung vu Sport- a Beweegungsaktivitéiten dobaussen an dobannen ugebueden. De SCRIPT war moies mat engem Virtrag, esou wéi och mëttes mat engem praktesche Workshop vertrueden.

Contact