< retour
Fir de “Lieser vu muer”, spréch déi Jugendlech unzespriechen, hunn d’'Walfer Bicherdeeg' sech dëst Joer en neit Konzept ginn.
Fir déi éischte Kéier wäerte freides nomëttes de 15. November 2024 d’Diere vun de 'Walfer Bicherdeeg' exklusiv fir d’Lycéeën opgemaach ginn. Alleguer d’Editeuren an d’ëffentlech Partner vun de 'Walfer Bicherdeeg' wäerten hire Stand fir d’Lycéesklasse virbereeden an e Programm ubidden.
Uviséiert gi spezialiséiert BTS-Klasse souwéi Klasse vun 3ième, 2ième a 1ière vun den A-, E- resp. F-Sektiounen.
Ab 12:00 Auer geet de Site beim Walfer Stadion op mat Food Trucke sur place.
Vun 13:00 bis 15:30 Auer ass d’Hal op:
• Méiglechkeet e Rallye matzemaachen, deen de Schüler déi wichtegst Informatioune vermëttelt.
• Meet and Greet a Liesunge vun ausgewielten Auteuren, déi dee Weekend op de Walfer Bicherdeeg a Residenz sinn.
• Mini-Presentatiounen a Workshops (ëmmer tëscht 5 an 10 Minutten) op de ronn 30 Stänn, esou datt déi Jugendlech sech bei deem informéiere kënnen, wat si am meeschten interesséiert.
• Méiglechkeete fir zu spezielle Konditiounen (zum Deel och Klässesätz-Präisser) dat eent oder anert Buch ze kafen.
De SCRIPT invitéiert d’Léierpersonal vun den uviséierte Lycéesklassen sech iwwer dëse Link unzemellen.
De SCRIPT wäert op de 'Walfer Bicherdeeg', déi de 16. an de 17. November 2024 beim Walfer Stadion organiséiert ginn, och erëm mat engem grousse Stand vertruede sinn wou Schülerinnen a Schüler, Léierpersonal an de Grand Public:
Méi Informatiounen iwwert d’'Walfer Bicherdeeg' ginn et ënnert dësem Link.