Actualités

Lancement vum Projet 'Engagement'GR'

''
15/10/2024

Den 10. Oktober 2024 gouf de Projet 'Engagement'GR' offiziell zu Forbach (FR) lancéiert.

Dëse Projet huet sech als Zil gesat d’Kanner a Jugendlech aus der Groussregioun zesummenzeféieren,  konkret Äntwerten op d'Bedürfnisser vun de Jonke vun haut ze sichen a si esou an hirer Entwécklung zu aktiven engagéierte Bierger ze ënnerstëtzen. An deem Sënn bitt de Projet 'Engagement'GR' niewent Formatiounen an didakteschem Material fir Pädagoginnen a Pädagogen och vilfälteg Aktivitéite fir déi Jonk un. 'Engagement'GR' soll e konstruktiven Austausch tëschent de Bildungsgemeinschaften vun der Groussregioun erméiglechen.

De Projet ass op véier Pilieren opgebaut:  'Pro-engagement' (Moossnamen zur Beruffsorientéierung),  'Crea-Green-engagement' (Bildung fir nohalteg Entwécklung, ästhetesch a kulturell Bildung), 'Demo-engagement' (Bildung fir eng demokratesch Kultur) an 'Digi-engagement' (Medienpädagogik an digital Bildung).

Mat dësen Theme konnten d’Schülerinnen a Schüler aus der Groussregioun sech den 10. Oktober am Kader vun e puer ganz interessanten Atelieren am Laf vum Moie méi genau ausernee setzen. Am Nomëtte gouf e risege Mosaik, deen dobäi entstane war, dann offiziell geéiert. Niewent Riede vun den offizielle Vertriederinnen a Vertrieder vun der Groussregioun stoung och nach e Puzzle vun der Groussregioun um Programm.

Fir Lëtzebuerg ware Schülerinnen aus der École privée Sainte-Anne beim Event dobäi.

Contact