Actualités

Virliesconcours 2025

''
17/10/2024

De 'Virliesconcours', dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum Educatiounsministère organiséiert gëtt, leeft 2025 fir d’20. Kéier.

 

Zanter 2024 huet de Concours duerch eng ganz Rei Neierungen eng nei Nues kritt :

  • Keen Theema
  • Méi Etappen
  • Eng zweet Sprooch (spillt vun der Véierelsfinall un eng Roll)

Als zweet Sprooch kann och Englesch genotzt ginn.

  • 'Liestheater' an der Finall

 

An der Broschür zum 'Virliesconcours 2025' ënnen op der Säit fënnt een den Detail vum Concours.

D’Schoulgewënnerin oder de Schoulgewënner musse bis spéitstens de 14. Februar 2025 iwwert dëse Link ugemellt ginn.

D’Finall mat Publikum ass den 1. Juli 2025 am Ariston zu Esch.

Fichiers à télécharger

Contact