< retour
An enger ëmmer méi vernetztener a komplexer Welt ass d’Kommunikatioun een essentielle Bestanddeel vun enger Gesellschaft. Ouni si ass een funktionéierend Zesummeliewe vu Mënschen net méiglech.
Eng besonnesch Form vu Kommunikatioun stellt d’Debattéieren duer. Nodeems d’Debattéiere scho säit Laangem am engleschsproochege Raum an de Schoule praktizéiert gëtt, gewënnt et och an Europa ëmmer méi u Popularitéit. An och ëmmer méi jonk Schülerinnen a Schüler woen sech un d’Debattéieren.
Dat ass net verwonnerlech, wann ee bedenkt, wéi vill Kompetenzen een iwwert d’Debattéieren op eng spilleresch Aart a Weis ka schäerfen. Fir d’Schouljoer 2024-2025 bitt de SCRIPT d’Initiativ 'Wat sees du?' fir d’Klassen aus de Cyclen 3.2., 4.1. a 4.2 aus dem Enseignement fondamental un.
Iwwert ee ganzt Schouljoer begleede mir Iech an Är Klass beim Léiere vum Debattéieren a beim Opbau vun Ärem eegenen Debattéierclub an der Klass. Nieft engem Workshop fir Enseignanteën/ Enseignanten intervenéiere mir zweemol an der Klass. Ausserdeem sinn zwee Challengen am Joer ze meeschteren. Schliisslech hu mir am Juni 2025 eng grouss Debattéierfinall, wou Är Klass sech mat aneren am Debattéiere ka moossen.
Dir hutt eng Klass, déi net op de Mond gefall ass? Dir sicht no enger kreativer Aart a Weis Sproochen-, Sozial- a Kommunikatiounskompetenzen op Ärer Klass ze fërderen a gläichzäiteg demokratesch Prozesser e vermëttelen? Dann ass d’Initiativ 'Wat sees du?' genau dat Richtegt.