< retour
Déi drëtt Journée 'zesumme wuessen' vum 14. November 2024 huet sech un déi véier Pilotschoule vum Projet 'ALPHA- zesumme wuessen' geriicht, an eng ronn 100 Enseignanteën an Enseignanten hu sech am Forum Geesseknäppche getraff, fir sech déi éischt Tëschebilanz zur Evaluatioun vum Projet vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) unzelauschteren a sech uschléissend a Barcamps iwwert de Projet auszetauschen.
Theeme vun dësen Ateliere waren: De Projet am Cycle 1, d’didaktesch Materialien am Cycle 2 a 3, dat neit Material 'Meng éischt 100 Deeg am Cycle 2', den Ëmgang mat de sougenannten Niewefächer, de Cycle 4 souwéi d’Iwwergäng tëscht de Cyclen.
No de Journéeën 2022 an 2023 wor dëst déi drëtt Journée, déi an dësem Kader stattfonnt huet, a sech als wichtege Moment erauskristalliséiert, fir all d’Acteuren, déi den Ament um Pilotprojet schaffen, zesummen ze bréngen.
D’Journée 'zesumme wuessen' vum 19. November 2024 dogéint huet all de Schoulpresidenten, de Coordinateuren an de Membere vun de Commissions nationales de l’enseignement fondamental (CNEF) d’Méiglechkeet ginn, sech eng éischte Kéier méi intensiv mam Projet 'ALPHA - zesumme wuessen' auserneenzesetzen.
Eng ronn 450 Participantë sinn dëser Invitatioun nokomm a krute souwuel d’Konzept wéi och d’Evaluatioun an d’Formatiounsoffer am Kader vum Projet präsentéiert. Uschléissend war eng Foire de matériels didactiques, wou de SCRIPT an den Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) hir Materialien an hir Offer virgestallt hunn, awer och d’Pilotschoulen een Abléck an hiert Schaffe ginn hunn. Dee selwechte Moment war et méiglech, sech mat all de verschiddene Acteuren auszetauschen an hinne Froen ze stellen.
All weider Informatiounen zum Projet fënnt een um Internetsite alpha.script.lu.