Actualités

De 'Piwitsch'-Adventskalenner vun de gudden Noriichten

''
02/12/2024

Oft liese mir an de Medien nëmmen negativ Noriichten. Datt et 2024 awer och positiv Noriichte gouf, beweist de 'Piwitsch'-Adventskalenner.

An de nächste Woche wäert de 'Piwitsch' dës positiv Noriichten zwitscheren. All Dag kënnen d’Kanner zesummen eng positiv Noriicht entdecken.

A well de 'Piwitsch' elo och nach méi franséisch schwätzt, ass dësen Adventskalenner op däitsch an op franséisch um Internetsite www.piwitsch.lu ze fannen.

Vill Freed beim Liese vun de positiven Noriichte ronderëm d’Welt!

Contact