Actualités

Finall vum 'Junior Robot Challenge'

''
12/05/2025

Beim 'Junior Robot Challenge' stoung dëst Joer erëm Teamwork a Kreativitéit am Mëttelpunkt.

Nom intensiven Training an de Schoule konnte véier motivéiert Ekippen sech fir déi grouss Finall de 27. Abrëll 2025 op der 'D’YEP! Schoulfoire' qualifizéieren.

An enger knapper an emotionaler Kompetitioun hunn d’Kanner mat hirer Begeeschterung an hire Programmer iwwerzeegt. Um Enn war et d’Ekipp Jonas aus der Schoul Bettenduerf, déi sech duerchgesat huet a sech domat de Championstitel vum 'Junior Robot Challenge' séchere konnt.

D’Aschreiwung fir déi nächst Editioun ass schonn ugelaaf. Informatiounen a Registréierung fannt dir ënnert dësem Link.

 

'Junior Robot Challenge'

Den 'Junior Robot Challenge' gehéiert zum Programm 'LevelUp' vum SCRIPT a riicht sech u Schüler a Schülerinnen aus dem Cycle 2 vum Enseignement fondamental. 

Wärend e puer Wochen entdecken d’Kanner déi villfälteg Uwendungsberäicher vun engem Roboter, bauen hiren eegene Roboterkostüm bei enger Recyclingaktivitéit a loossen e lieweg ginn, andeems se hir eegen analog Programméiersprooch benotzen.

Contact