Actualités

Finall vun der 'FIRST LEGO League'

''
12/05/2025

Déi grouss Finall vun der 'FIRST LEGO League' gouf de 27. Abrëll 2025 op der 'D’YEP Schoulfoire' an der Luxexpo organiséiert. Si war e grousse Succès – mat staarke 24 Teams, inspiréierende Begéinungen an impressionante Momenter.

Felicitatiounen un all d’Participanteën/Participanten an d’Gewënnerinne/Gewënner vun der Saison 'Submerged 2024-2025'.

  • Champions Award 1. Plaz: YoungITeam – Lycée Aline Mayrisch (LAML)
  • Champions Award 2. Plaz: The Crazy Donkeys – EF Diekirch
  • Champions Award 3. Plaz: Lenkids – EF Lenkeschléi Diddeleng
  • Coach Award: Kelly Hoscheit vum Team Aqua Rockets aus der Ecole Demy Schlechter
  • Robot Design Award: Äerdbierfiss – EF Steesel
  • Core Values Award: Let‘zGO Garnich – EF Garnich
  • Innovation Project Award: Wobots – EF Wobreck
  • Robot Performance Award: Minions – EF Gilsdorf
  • Rising All-Star Award: Mertz(L)eague – Mäerzeger Schoul
  • Breakthrough Award: Widdego – EF Kayl 
  • Motivate Award: Lego Sharks – EF Esch Lalléng

E grousse Merci un all d’Ekippe fir hir Motivatioun, hire Fuerscher- a Teamgeescht an déi wonnerbar Atmosphär. 

Du hues nach net bei der 'FIRST LEGO League' matgemaach a bass interesséiert mat engem Team dobäi ze sinn? Dann ass dës Formatioun genau dat Richtegt fir dech.

 

'FIRST LEGO League'

D’'FIRST LEGO League' gouf 2001 duerch eng Partnerschaft tëscht FIRST (For Inspiration and Recognition of Science and Technology) an LEGO Education lancéiert. All Joer organiséiert d’'FIRST LEGO League' 3.700 Eventer an 110 Länner mat méi wéi 679.000 Participanteën/Participanten.

Zu Lëtzebuerg organiséiert de SCRIPT dëse Concours a Kollaboratioun mat der belscher Voka (Flanders’ Chamber of Commerce and Industry).

Contact