Actualités

'EQUALL'-Workshop: Wéi gesäit eng gerecht Aarbechtswelt aus?

''
02/12/2025

Am Kader vum 'megalab 2025', dee vum Ministère de l’égalité des genres et de la diversité organiséiert gouf, huet de SCRIPT den 20. an 21. November en 'EQUALL'-Workshop am Kinepolis Kierchbierg ugebueden.

D’Zil war et, jonke Leit konkret Wëssen a Reflexiounsméiglechkeeten ze ginn, fir sech hir berufflech Zukunft bewosst an inklusiv virzestellen, egal wéi ee Geschlecht oder wéi eng Liewenssituatioun fir dass all Mënsch eng fair Chance huet, sech z’entwéckelen.

Wärend zwee Deeg hunn sech Schüler an Schülerinnen aus dem Enseignement fondamental a secondaire mat Froe betreffend:

  • Virurteeler bei der Astellung oder Promotiounen,
  • ongläiche Lounverhältnisser,
  • Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewen,
  • Geschlechterstereotyppen a 'Männer- a Fraeberuffer',
  • Beruffsorientéierung an nei Méiglechkeeten

ausernee gesat a kruten sou eng Plattform fir Froen ze stellen, Meenungen auszetauschen, a gemeinsam no vir ze kucken.

Contact