< retour
Enn Februar 2026 waren d’'FIRST LEGO League Challenge'-Qualifikatiounen am Forum Geesseknäppchen.
Wärend dräi Deeg hunn 90 Equippen am Alter vun 9 bis 16 Joer hiert Kënnen ënner Beweis gestallt. Et ass déi bis well gréisste Qualifikatiouns-Ronn déi mir zu Lëtzebuerg haten.
Den 19. Abrëll 2026 gëtt déi national 'FIRST LEGO League Challenge'-Finall an der Luxexpo op der Schoulfoire organiséiert. Hei trieden déi 24 bescht Equippe géinteneen un, fir no zwee Méint weiderer intensiver Fuerschung a Entwécklung, flott Präisser a Pokaler mat Heem ze huelen.
Mee ier et op d’national Finall geet, haten d’Top 5 d’Méiglechkeet op eng international Finall an d’Belsch ze reesen.
D''BeLux Championship' vun der 'FIRST LEGO League Challenge' huet dëst Joer an der BE-Mine zu Beringen stattfonnt – eng perfekt thematesch Location passend zum Thema 'Unearthed'.
Fënnef Equippen aus Lëtzebuerg sinn ugetrueden an hu mat vill Engagement a Kreativitéit iwwerzeegt:
Am Ganze ware 26 Equippen aus Lëtzebuerg an der Belsch dobäi. D’Evenement war e grousse Succès a gepräägt vun enger flotter Atmosphär, Teamgeescht a vill Spaass.
Eis besonnesch Felicitatiounen un d’Präisträger: