< retour
Du wëlls Beweegung an däi schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Sportsunterrecht eraus? Du wëlls reegelméisseg nei Iddie fir Beweegungsaufgaben? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eiser 'WibS-Beweegungs-Challenge' deelzehuelen a flott Präisser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. Gëff alles, zesumme mat denge Schoulkollegen, a gewann den Titel 'Déi beweeglechst Klass 2027'.
Mell deng Klass iwwert den neien Internetsite Extraklass.lu ënnert dësem Link un. De Pouster mat der 'IVV – Challenge' kriss du dann automatesch geschéckt.
Du wëlls just bei der ultimativer 'IVV – Challenge' matmaachen an de Pouster mat eisen zwou sportleche Challengë fir deng Klass oder Schoul geschéckt kréien? Da schreif eis eng E-Mail op wibs@script.lu mat follgenden Informatiounen: NUMM, SCHOUL, ADRESS an UNZUEL vun de KLASSEN.
Fuerder deng Klass eraus a weist, wat an iech stécht!