Events

-

Weiterbildung Einfach kodéieren!

Quand ?
  • -
Où ?
Webinar

Opgrond vun der aktueller Situatioun kann den Event Einfach kodéieren! leider net wéi geplangt am Forum Geesseknäppchen stattfannen.

Dofir bitt de SCRIPT Iech de 7. Mee 2020 vu 14h00 bis 15h30 d’Konferenz a Form vun engem Webinar un.

Als Referente sinn zougeschalt: Mme Rahel Tschopp, Direktesch vum Zentrum fir Medienbildung & Informatioun vun der Pädagogescher Héichschoul Zürech zesumme mam Här Adrian Degonda, wëssenschaftleche Mataarbechter un der Pädagogescher Héichschoul Zürech. Si illustréieren unhand vu praktesche Beispiller aus der Schwäiz, wéi d’Entwécklung vum Kodéieren a schwäizer Grondschoule mat Succès iwwer all Fächer ewech genotzt gëtt.

An onser Welt produzéieren a verschaffen ëmmer méi digital Geräter Informatiounen an Daten. Oft treffen si ganz automatesch wichteg Entscheedunge fir an iwwert ons. Aus dësem Grond gëtt den Interessi an d’Wëssen iwwert d’Funktionalitéit vun den digitalen Apparater ee wichtege Bestanddeel vun eiser digitaler Gesellschaft. D’Schüler*inne léiere kritikfäeg par Rapport zu de mediale Realitéiten ze ginn a selwer Acteur an dëser Welt ze ginn.

Ab dem nächste Schouljoer gëtt d’Kodéieren am Cycle 4 agefouert. Dëse Webinar stellt Iech vir, wat mat Kodéiere gemengt ass, a gëtt Iech een éischten Abléck an d’Léiermethoden an an d’Uwendung am Unterrecht. Mir weisen Iech, wéi Kanner duerch e spillereschen Zougang an d’Welt vum Kodéieren agefouert ginn.

De Webinar zielt als Formation continue. Dir kënnt Iech iwwert dëse Link direkt beim Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) umellen.

Contact

  • eduPôle
    28, route de Diekirch
    L-7220 Walferdange
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    BP 98 | L-7201 Bereldange
    secretariat@script.lu