News

MathemaTIC Kapprechen-Challenge

17/10/2019

Déi drëtt Oplag vum MathemaTIC Kapprechen-Challenge gouf vum 8. bis den 11. Oktober 2019 organiséiert. Am Ganzen hunn 1.313 Schüler matgemaach an si hunn insgesamt 1.490 Stonnen op der MathemaTIC-Plattform gespillt.

Den Challenge riicht sech un d’Klasse vum Cycle 3 a vum Cycle 4 vum Enseignement fondamental, ewéi och un de Régime préparatoire an de Cycle inférieur vum Enseignement secondaire.

Am Kapprechen-Challenge geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech. Déi Klassen, déi am Duerchschnëtt déi meeschte Stären a Medaile pro Schüler sammelen, gewanne Porte-clés mat dem MathemaTIC-Maskottchen an eng Coupe fir d’Klass. All déi aner Klasse gi mat engem MathemaTIC-Zertifikat belount.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu