News

Virliesconcours 2020: Gerechtegkeet

Virliesconcours 2020
04/11/2019

De Virliesconcours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum SCRIPT organiséiert gëtt, leeft 2020 fir d'15. Kéier.

D’Thema vun dëser Editioun vum Virliesconcours ass:

 

Gerechtegkeet

Wat ass gerecht – wat ass ongerecht?

Dës zwou Froe waren zu all Zäit wichteg, am Alldag vu jidderengem, awer och a méi groussen Zesummenhäng an der ganzer Gesellschaft.
Zu verschidde Momenter an der Geschicht koum et verstäerkt zu Ongerechtegkeeten a vill Leit hunn dorënner gelidden.
Mir wëssen, datt et och haut dacks net gerecht zougeet – weder am reellen nach am virtuelle Liewen.
Zu all Zäit gouf et Leit, déi sech bewosst fir méi Gerechtegkeet agesat hunn. Haut sinn et virun allem déi Jonk, déi eng méi gerecht Zukunft fuerderen.

 

Bicher gëtt et zu deem Thema eng ganz Rëtsch: si erziele vun Ongerechtegkeet, vu Persounen, déi sech aktiv fir e gerecht Mateneen asetzen, oder vun aneren, déi vläicht ënner enger ongerechter Situatioun leiden. Et kann en Extrait gewielt ginn, an deem ee géint Ausgrenzung oder Rassismus virgeet, sief et an der Famill, an der Klass, oder egal wou an eiser Gesellschaft. Et kann och eng Episod gewielt ginn, an där erkläert gëtt, wat Gerechtegkeet oder Ongerechtegkeet ass, oder wéi eng  gerecht/ongerecht Zukunftsvisioun kënnt ausgesinn.

Virgelies gëtt erëm an enger vun den dräi Schoulsproochen. Zousätzlech zum astudéierten Text gëtt an der Finale en onbekannten Text an der gewielter Sprooch virgelies.
D’Finale ass dëst Joer en Mëttwoch, den 1. Juli 2020 am Mierscher Kulturhaus.

An der Broschür zum Virliesconcours 2020 ginn den Oflaf vum Concours an d’Rolle vun de verschidden Acteure méi genau beschriwwen.

 

Fir weider Informatiounen:

Anne-Marie Antony (anne-marie.antony@men.lu) & Anne Biesdorf (anne.biesdorf@men.lu)
Telefon : 247-85184 / 247-75192

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu