News

YouthStart Entrepreneurial Challenges: Promotioun vum Entreprenariat

D'Lëtzebuerger Mini-Entreprise The Brips op den europäeschen Entreprenariats-Meeschterschaften
27/11/2019

Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun der Initiativ YouthStart Entrepreneurial Challenges, déi 2015 an d’Liewe geruff gouf. D’Zil war et, fir en innovativen, flexibelen, transferéierbaren a skaléierbaren Entrepreneurship-Programm z’entwéckelen. Säit dëser Zäit kann a Lëtzebuerger Lycéeë mat dësen entwéckelten Challengë geschafft ginn.

Eemol d’Joer gesäit sech de Board vun dëser Initiativ fir iwwert d’Entwécklungen ze schwätzen a méiglech Zukunftsprojeten ze diskutéieren. De SCRIPT ass Member vun dësem Board a war vum 21. bis den 23. November zu Barcelona op der Assemblée Générale fir déi nächst Schrëtt am Beräich vun der europäescher YouthStart-Beweegung ze plangen.
Am Kader vun där Assemblée Générale ginn all Joer d’europäesch Entreprenariats-Meeschterschaften ausgedroen, bei där all Land d’Gewënner aus hire jeeweilegen nationale Competitioune schéckt. De SCRIPT war Member am Jury vun dësem Concours a krut déi sëlleg Start-Up-Iddien a Produiten aus Europa presentéiert.

Och Lëtzebuerg war mat enger Equipe bei dësem Concours vertrueden. Mat The Brips, enger Mini-Entreprise, war eng Equipe aus dem Lycée technique de Bonnevoie (LTB) fir Lëtzebuerg um Start. Si haten sech d’lescht Joer bei der Finall vun de Mini-Entreprisë (organiséiert all Joer vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren Luxembourg) fir dës europäesch Competitioun qualifizéiert.

Vun insgesamt 25 Equippen, déi un der Finall deelgeholl hunn, goufen The Brips déi Zweetplacéiert (Lëtzebuerg duerft an der Jury natierlech beim Lëtzebuerger Team net mat ofstëmmen) a hunn sech domat e Scholarship verdéngt, fir d’nächst Joer um berüümte Peter Drucker Forum zu Wien deelzehuelen.

Dëst ënnersträicht zum engem déi flott Iddi an Ëmsetzung, déi d’Schüler*innen aus dem LTB haten an awer och insgesamt de Standing, deen déi lëtzebuergesch Entreprenariatsausbildung an Europa huet.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu