News

Tour des mélodies: flott musikalesch Aktivitéite fir Kanner

Tour des mélodies
16/12/2019

Am Kader vum Tour des mélodies erliewen d’Kanner aus dem Enseignement fondamental wärend engem Moie Museks-Atelieren, Mini-Concerten an aner musikalesch Aktivitéiten. Organiséiert gëtt dëst Evenement a 4 verschiddene Regioune vum Grand-Duché.

Den Tour des mélodies ass eng Initiativ vum Institut Européen de Chant Choral (INECC), déi vum SCRIPT ënnerstëtzt gëtt, an déi an Zesummenaarbecht mat Kulturhaiser a Museksschoulen aus deene jeeweilege Regiounen op d'Been gestallt gëtt.

Den INECC organiséiert zesumme mat der Equipe vu mimamu (SCRIPT) Atelieren an Interventioune fir d'Kanner an d'Enseignanten. Dës Ateliere ginn vun Intervenante vum INECC an Enseignantë vun de Museksschoulen aus deene verschiddene Regiounen assuréiert.
Donieft bitt d’Equipe vu mimamu den Enseignanten eng Formatioun am Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) un, wou d'Museksmaterial vum Tour des mélodies virgestallt an erschafft gëtt. 

Umelle kann een sech iwwer info@inecc.lu.

 
Tour des mélodies 2020 - Datumer
Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu