< back
Déi véiert Oplag vum MathleTIC Kapprechen-Challenge gouf vum 25. Februar um 8:00 Auer bis den 28. Februar 2020 um 16:00 Auer organiséiert.
Am Ganzen hunn 1.670 Schüler aus 111 Klassen matgemaach (+27% méi wéi am Oktober 2019) a si hunn insgesamt 1.918 Stonnen Kapprechnunge geléist (+29% méi wéi am Oktober 2019).128.049 Stären an 39.075 Medailen goufen am Ganze gesammelt!
All Klass déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechen-Moduler bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech.
D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg hir Pokaler, Certificaten a Gadgeten iwwerreecht. Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:
#1 Cycle 3: D’Klass cool Rechner huet am Ganze 27 Stonnen Kapprechnunge geléist, dat sinn 126 Minutte pro Schüler.
#1 Cycle 4: D’Klass Déi fläisseg Wichtelcher huet am Ganze 76 Stonne Kapprechnunge geléist, dat sinn 218 Minutte pro Schüler*.
#1 Voie de préparation: D’Klass The DMD's huet am Ganze 15 Stonne Kapprechnunge geléist, dat sinn 91 Minutte pro Schüler.
#1 Cycle inférieur: D’Klass Dem Proff seng Lieblingsklass huet am Ganze 70 Stonne Kapprechnunge geléist, dat sinn 200 Minutte pro Schüler.
* D’Klass D’ Kwächelcher huet déi selwecht Punktzuel erzielt wéi Déi fläisseg Wichtelcher, mä Déi fläisseg Wichtelcher waren déi éischt déi dee Score erreecht hunn a sinn dofir d’Gewënnerklass.
Am Kapprechen-Challenge geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech. Dëse Challenge gëtt iwwer d'MathemaTIC-Plattform proposéiert an ass zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.