News

Schülerinnen a Schüler ënnerstëtzen d’Sora

SchülerInnen ënnerstëtzen d’Sora
05/07/2021

Kennt Dir d’Sora? D’Sora ass eng App, déi et erméiglecht, eng Hellewull vu Bicher, an esouguer och Comics an Héierbicher, a ville Sproochen online auszeléinen.

Dem Liesclub vum Lycée Aline Mayrisch (LAML) ass déi App natierlech bekannt. Mee d’Schülerinnen an d'Schüler hunn sech iwwerluecht, wéi si d’Sora och bei anere Kolleege méi bekannt maache kënnen.

An dësem Sënn hunn si dräi flott a witzeg Videoclippe gedréit, déi Dir hei ënnen op der Säit fannt. Dës sinn och an der interner App vum Lycée Aline Mayrisch publizéiert ginn. Vill Spaass beim Kucken!

Nach e puer Informatiounen iwwert d’Initiativ read-y an d’Sora-App: Gitt op d’Internetsäit www.ready.script.lu oder luet d’App Sora, by Overdrive (Android oder iOS) erof. - Loggt Iech mat Ärem IAM an. - Sicht no Bicher a léint se aus. Vill Spaass beim Liesen! Dëst ass eng gemeinsam Initiativ vum SCRIPT an der Bibliothèque nationale du Luxembourg (BnL).

A vergiesst net, op der Websäit www.liesen.lu laanscht ze surfen. Hei fannt Dir eng ganz Rei vu Liesiddien, mee och cool Videoen a Podcasten iwwer d’Liesen. An Dir kënnt esouguer Ären eegene Pouster maachen, op deem Dir Äert Liblingsbuch an dräi Wierder zesumme faasse kënnt. À consommer sans modération! Well Dir wësst: #liesenassgesond.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu