< back
Nodeems de SCRIPT-Projet Bicycool schonn Ufank September ganz aktiv war, ënnert anerem beim Tour du Duerf zu Leideleng, beim Tour de Luxembourg a bei dem Autofreie Sauerdall zu Ierpeldeng, gëtt et elo esou lues Zäit nees un d’ Schoul ze denken.
Op der Luxdidac kënnt Dir Iech eist fonkelneit didaktescht Material an der Fit a monter Beewegungskëscht ukucken an och soss gëtt et dëst Schouljoer sou munnech Ännerungen:
De Bicycool, wéi e bis elo bestanen huet, geet awer och am zweeten an drëtten Trimester weider.
Och Schoulen, déi en eegenen Projet op d’Been setze wëllen, kënne weider op Ufro vun eiser Berodung profitéieren.
Mir bidden iwwert den Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) och dëst Schouljoer nieft deenen normale Formatiounen Radfahren in der Grundschule och schoulintern Formatiounen un.