News

Replay vum Webinaire iwwert den Entrepreneursgeescht an der Educatioun

Replay vum Webinaire iwwert den Entrepreneursgeescht an der Educatioun
01/12/2022

'Kommunikativ, kollaborativ, kreativ a kritesch denkend - den Entrepreneursgeescht an der Educatioun', dat war den Titel vum éischte Webinaire vum SCRIPT am Schouljoer 2022-2023, deen den 29. November 2022 um 14:00 Auer live um radio 100,7 gesent an zäitgläich iwwer Videostream diffuséiert gouf.

Dir hutt dëst Gespréich iwwer den Entrepeneurship an der Schoul verpasst? Hei kënnt Dir dat Ganzt op youtube oder vimeo nach eemol lauschteren.

900 Persounen aus der Welt vun der Educatioun hate sech fir dëse spannende Webinaire, deen als Formation continue ugerechent gëtt, ageschriwwen.

Wärend dem Gespréich konnte souwuel déi ageschriwwen Enseignanteën an Enseignanten, wéi och d’Nolauschterer hir Froen eraschécken, déi du vun den Gäscht am Studio beäntwert gi sinn.

Méi iwwert de Webinaire

4K steet fir Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit a kritescht Denken. Dëse Léiermodell gëtt vu Bildungsfuerscher als onëmgänglech ugesinn, fir Schülerinnen a Schüler haut méiglechst gutt, op déi nach onbekannte Welt vu muer virzebereeden.

Dat aktiivt Fërdere vun dëse Kompetenze weist sech hautdesdaags an der Educatioun ënner anerem an de Coursen a Projete ronderëm den Entrepreneurship. Dobäi sollt een de Begrëff 'Entrepreneurship' an dësem schoulesche Kontext lassgeléist vun der reng wirtschaftlecher Iddi an dem Terme verstoen, mee villméi als pedagogesch-didaktesche Kader, an deem d'4K-Kompetenzen aktiv ugewannt kënne ginn. D’Aféieren an Ausbaue vu Methoden, déi den entrepreneuriale Gedanke stäerken, leien am Zäitgeescht vun de bildungstheoreteschen Entwécklungen. 

Iwwer dëse Léiermodell, den Entrepreneursgeescht an der Educatioun an iwwer d’Méiglechkeeten dovun hunn am Studio vum radio 100,7 fir dëse Webinaire mam Natasha Ehrmann dës Gäscht geschwat:

  • Fabienne Kieffer, Responsabel fir d’'Sustainable Entrepreneurial Schools' um SCRIPT
  • Stéphanie Damgé, Direktrice vun de Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg (JEL)
  • Joseph Britz, Direkter vun der École de Commerce et de Gestion (ECG)
  • John Klemmer, Coordinateur vun de Sustainable Entrepreneurial Schools am Atert Lycée Réiden (ALR)

Donieft goufen et verschidden Erfarunge vu Schülerinnen a Schüler, Enseignanteën an Enseignanten a Leit, déi den Entrepreneurship an d’Schoule bruecht hunn, ze héieren. 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu