News

Visite vu 'mimamu' bei der Uni Lëtzebuerg

''
09/01/2025

Am November an Dezember 2024 war d'Ekipp vum Projet 'mimamu (Mir maache Musek)' an der Université du Luxembourg bei de Studenten a Studentinne vum Bachelor en Éducation Musicale (BEM) op Besuch.

Besonnesch d'Erfarunge vun der Ekipp am Beräich vun neier Technologie an der Musekpedagogik hunn de Grupp aus dem 4. Semester interesséiert.

No enger éischter Sessioun an där dem Projet 'mimamu' seng Materialie virgestallt goufen, war et un de Studenten a Studentinne fir mat Ënnerstëtzung a Begleedung vun der Ekipp vu 'mimamu' eegestänneg Aktivitéiten auszeschaffen.
Bei där drëtter a leschter Sessioun goufen déi entwéckelt Aktivitéiten direkt mat enger Schoulklass aus dem Cycle 3.2 duerchgefouert an esou wäertvoll praktesch Erfarunge gesammelt.

D'Studenten a Studentinne hate sichtlech Spaass beim Ausprobéieren an och 'mimamu' freet sech iwwer flott nei Iddien. Fir all Bedeelegt war dës Zesummenaarbecht also eng Beräicherung an en Erfolleg an domat bestëmmt net fir d'lescht.

Contact