News

Déi lescht Nummer vum 'Piwitsch' virun der Summervakanz ass do!

''
02/06/2025

Mat der neier Editioun vum 'Piwitsch' geet d’Kannerzeitung vum SCRIPT an d’Summervakanz. An dëser Spezialausgab erwaarden d’Lieserinnen a Lieser vill spannend Theme fir déi waarm Méint.

Wéi ee sech am Summer richteg virun der Sonn schützt, gëtt op méi Säiten erkläert – ënner anerem mat prakteschen Tipps géint Sonnebrand. Ab Säit 8 gëtt d’Roll vun der Haut als gréisst Organ vum Mënsch erkläert, op Säit 11 fënnt ee konkret Verhalensreegele fir de Summer.

Dës Ausgab setzt och op Naturwëssenschaft a lokal Entdeckungen: 'De Piwitsch' erkläert, wéi Wolleken entstinn an invitéiert op e klenge virtuellen Ausfluch an d’Kasematten – déi och am Summer eng angeneem Ofkillung bidden.

Literaturfans komme besonnesch op hir Käschten: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Jean Bürlesk presentéiert eng exklusiv, verlängert Geschicht, déi um Bockfiels spillt – mat engem geheimnisvolle Grof am Mëttelpunkt. Wéi ëmmer kann een d’Geschicht och lauschteren. Wiem dat net duergeet: Weider flott Bicher fir de Summer fannt dir och am neie 'Piwitsch'.

D’Rubrik 'Mini-Redaktioun' erlaabt Kanner a Klassen, selwer aktiv ze ginn: An dëser Ausgab berichten d’Schülerinnen a Schüler aus Rëmerschen iwwer de Schengen-Accord. D’Klass 4.2 aus Stroossen stellt en neie Skatepark vir.

Zum Ofschloss féiert 'De Piwitsch' seng Lieserinnen a Lieser op d’Weltausstellung op Osaka. Zwee jonk Talenter vun der Hotelschoul zu Dikrech wäerten do am Lëtzebuerger Pavillon schaffen. Dozou gëtt e Rezept fir e liichte Summerdessert.

D’Ekipp vum 'De Piwitsch' wënscht eng erhuelsam Vakanz a vill Freed beim Liesen!

 

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Projet, fir d’Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken. Eis Missioun ass, fir de Virwëtz an d’Kreativitéit, d’Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Elo  gëtt et 'De Piwitsch' online souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch an Dir kënnt Iech och op d’Newsletter vun der Kannerzeitzung abonéieren fir ëmmer um Lafenden ze sinn.

Sollt Dir Froen hunn, kënnt Dir Iech gäre bei der Ekipp vum 'Piwitsch' per Email op info@piwitsch.lu mellen.

Contact