< back
Déi nei digital Plattform www.plandetudes.lu ass prett, fir vum Léierpersonal aus Grondschoul nach méi am Detail entdeckt ze ginn.
Lancéiert gëtt an enger éischter Phas eng sougenannt Beta-Versioun, déi schonn eng Rei Features bereetstellt, déi getest kënne ginn. D’Beta-Phas leeft vum 30. Juni bis den 31. August 2026 – bis dohinner hutt Dir Zäit, fir Äre Feedback anzereechen. Dës Versioun gëtt iwwert de Summer weiderentwéckelt, éischt Retoure vum Terrain wäerten dobäi hëllefräich sinn.
Wéi et op den Informatiounsveranstaltunge ronderëm den neie Léierplang am Enseignement Fondamental annoncéiert gouf, kënnen interesséiert Enseignanten an Enseignanteën sech säit Kuerzem iwwer hiren IAM aloggen a sech mat dësem neien digitalen Outil familiariséieren.
Ab der Rentrée 2026-2027, zäitgläich mam neie Léierplang, sti fir d’Cyclen 1 an 2 weider Outilen zur Verfügung, déi momentan nach an der Entwécklungsphas sinn.
D’Acteuren aus der Schoul hunn nieft dem Zougang op déi allgemeng Informatioune ronderëm den neie Plan d’études och d’Méiglechkeet, didaktesch Ressourcen a Beispiller vun Aufgaben ze consultéieren.
D’Zil vun der Plattform ass et, de Plan d’études als interaktiivt a praxisbezunnt Aarbechtsinstrument zougänglech ze maachen an d’Enseignanten/ Enseignanteën an hirer Ëmsetzung a Begleedung vu Léier- a Bewäertungsprozesser ze ënnerstëtzen.
Fir dëser Missioun beschtméiglech gerecht ze ginn, ass Feedback zur Beta-Versioun méi wéi erwënscht. Dës Ureegunge kënnen dozou bäidroen, datt d’Plattform am weidere Verlaf un d’Besoine vun den Acteuren um Terrain ugepasst ka ginn. Iwwer feedback@plandetudes.lu oder iwwer de Formular op der Plattform kënnt Dir gär Är Remarken oder Froen eraschécken.