Dëst ass den zwieleften Katalog, deen als Suite vun den zwou Anthologien „Lies a fléi“, mat lëtzebuergeschen Texter fir d’Grondschoul erauskënnt. D’Bicher aus dem Katalog riichte sech u Kanner bis zum Cycle 4. Am Verglach mat der leschter Editioun 2020 fannt dir zousätzlech an dësem Katalog eng 50 nei Kannerbicher, déi vum Summer 2020 bis an de Juni 2021 eran op Lëtzebuergesch erauskomm sinn.
Nieft all virgestalltem Buch fënnt een am Katalog eng faarweg Sträif, déi d’Altersgrupp uweist, fir déi dat Buch recommandéiert gëtt.
„Lies a fléi – de Katalog“ gëtt zesumme mat de Schoulbicher verdeelt an adresséiert sech un d’Elteren, d’Enseignanten an d’Kanner, an doriwwer eraus natierlech och u jiddereen, dee sech fir d’Literatur a lëtzebuerger Sprooch interesséiert.
