
Workshop 'Unterrichtest Du noch oder transformierst Du schon?'
D’Formatioun 'Unterrichtest Du noch oder transformierst Du schon?' gëtt de 24. Abrëll 2025 vu 16:30 bis 18:30 Auer um Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) zu Walfer organiséiert.
Du interesséiers dech fir den Asaz vun digitalen Tools am Unterrecht, mä bass dir net ëmmer sécher wéi een se pädagogesch sënnvoll kann notzen? Oder Du hues scho vill Erfarung mat innovativen Unterrechtsmethoden a géifs dat gären an engem geschützte Kader deelen? Dann ass dës Formatioun genee richteg fir Dech.
Säit der Rentrée 2024-2025 schafft de SCRIPT um Projet 'Transformative Pädagogik in Zeiten der Digitalität'. D’Zil vum Projet ass et der (digitaler) Transformatioun op d’Spuer ze kommen. Wou gëtt et se schonn, wou (nach) net a wat brauchen d’Enseignantë fir se ëmzesetzen?
Mä wat genee ass transformativ Pädagogik? Maachen mir dat net souwisou schonn all? Sinn déi nei digital Outilen eng Hëllef oder en Hindernis? Wéi vill digital brauch et fir transformativ se sinn? An dësem Seminaire wäerte mir äis mat dëser Thematik ausernee setzen an äis iwwert äis aktuell Praxis austauschen. Wéi transformativ si mir wierklech? Wéi eng Hindernisser begéinen ech am Schoulalldag a wéi eng Erfollegsfaktoren ginn et?
Schreif Dech ënner dësem Link an.