
Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung
Déi 5. Editioun vun der 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)' gëtt de 26. Mäerz 2023 am Forum Geesseknäppchen vum SCRIPT, der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable organiséiert.
De ganzen Dag iwwer wäert den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an ONGen am Vierdergrond stoen, sief et duerch Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung ubidden, duerch zertifiéiert Weiderbildungen, oder awer och Theememomenter, an deenen Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn.
Fir weider Froe kënnt Dir Iech u foire@bne.lu wenden.