
MahleTIC Kapprechnen-Challenge
De 'MathleTIC Kapprechen-Challenge' gëtt iwwer d’'MathemaTIC'-Plattform proposéiert an ass zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.
An dësem Challenge geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech. Déi Klassen, déi am Duerchschnëtt déi meeschte Stären a Medaile pro Schüler sammelen, gewanne Porte-clés mat dem 'MathleTIC'-Maskottchen an eng Coupe fir d’Klass. All déi aner Klasse gi mat engem 'MathleTIC'-Zertifikat belount.
All Klass ka matmaachen! D'Léierpersonal muss sech just op www.mathematic.lu mam IAM oder Office 365 Konto umellen, eng Klass erstellen an d’Schüler mussen sech mat der Klass verbannen. Et muss keng extra Klass fir den Challenge erstallt ginn a wärend dem Challenge wäert ee Pop-up Message weider Informatioune ginn.
Fir weider Detailer oder Froen zur Umeldung, kontaktéiert d’'MathemaTIC'-Team um 247-75249 oder iwwer mathematic@script.lu.