-

De SCRIPT op de 'Walfer Bicherdeeg'
-
Stadionanlag Prince Henri - Walfer
De SCRIPT wäert op de 'Walfer Bicherdeeg', déi de 16. an de 17. November 2024 beim Walfer Stadion organiséiert ginn, mat engem grousse Stand vertruede sinn wou Schülerinnen a Schüler, Léierpersonal an de Grand public:
- sech informéiere kënnen iwwer Projeten aus dem Beräich Liesfërderung;
- all néideg Informatioune kréien iwwert d’Bicher an d’didaktescht Material déi de SCRIPT eraus gëtt;
- d’Bicherserie 'Allerhand' kënnen entdecken.
Méi Informatiounen iwwert d’'Walfer Bicherdeeg' ginn et ënnert dësem Link.