Actualités

Zousätzlech Impulser: Journées du livre et du droit d’auteur 2020 an de Grondschoulen

Affiche Journées du livre et du droit d'auteur
21/04/2020
En neien Ufank - Et si on redessinait le monde ?

Duerch déi grouss Changementer, déi mir grad mat der sanitärer an ekonomescher Kris vun der Coronapandemie erliewen, komme mir effektiv all an d’Situatioun en neien Ufank ze maachen.

Duerfir invitéieren den Educatiounsministère Kanner, Klassen an Enseignanten sech, wann se wëllen, fir d’Journées du livre et du droit d’auteur 2020 mat dem Thema En neien Ufank - Et si on redessinait le monde ? ze beschäftegen.

Ganz konkret kann een esou Produktiounen ënnert dem Motto Et si on redessinait le monde ? maachen. Wéi wier et, wa mir eis géingen eng nei Welt virstellen – eng méi gerecht oder gesond Welt ... oder – wat mir net wéilten – eng méi ongerecht an onfräi Welt?

Wat ännert sech duerch déi aktuell Situatioun an eisem Liewen? Wéi ass d’Liewen “duerno”, fir den Eenzelen a fir d’Gesellschaft iwwerhaapt, hei am Land an uechter d’Welt?

Dat poetescht an hoffnungsvollt Kannerbuch Et si on redessinait le monde ? vun den Editions Rue du monde weist, wéi sech Kanner mat Optimismus eng nei a besser Welt virstellen, eng Welt an där et méi Respekt tëscht de Matmënschen a fir d’Natur gëtt.

  • Et si on redessinait le monde / Daniel Picouly, Nathalie Novi. - Voisins-le-Bretonneux : Rue du Monde, 2013. - ISBN 978-2-35504-287-4
  • En Abléck an d’Buch duerch d’Illustratrice Nathalie Novi fannt Dir hei
 
Märercher nei schreiwe – Nei Märercher schreiwen

Märercher kenne mir alleguer, meeschtens vu kleng op. Et gëtt der an alle Kulturen  a Sproochen. Dacks kréien d’Kanner se schonn doheem vun hiren Elteren erzielt.

Mir wëssen  dann och, datt de Wollef de Béisen ass, datt de Fuuss ee Luussegen ass, datt d’Prinzessin schéin an onschëlleg ass ...

Et ginn awer antëscht eng Rei Bicher déi mat deenen Iddien a Virstellunge spillen. Do ass zum Beispill d’Rotkäppchen op eemol dat Staarkt an de Wollef ass en Tolpatsch.

Schüler a ganz Klasse kënnen esou eng Variant vun engem Märche kucken an erzielen ...

Si kënnen awer och selwer e Märchen nei erfannen, sief et datt se mat de Personnagen aus de Märercher spillen (se an en anere Kontext setzen, hinnen aner Eegenschafte ginn, ...), sief et datt se e Märche komplett ëmschreiwen.

Kanner kënnen och einfach  en neit Märchen erfannen: kleng Kanner kënnen dat molen an erzielen, méi grousser et schreiwen oder nospillen. Anerer kënnen et an eng aner Sprooch iwwerdroen. Dat Ganzt kann och musikalesch presentéiert ginn ...

D’Kanner kënnen och einfach nei Märercher entdecken. Zum Beispill aus aner Sproochen a Kulturen.

 
Ressourcen
  • Theateropnam vum Rotkäppchen & pedagogesch Iddien & Variante vun der Geschicht vum Rotkäppchen
    Link
  • Märchen und Geschichten für Jugendliche und Kinder
    Märchen als Hörbicher erzielt. Den Text kann als PDF erofgeluede ginn a matgelies ginn.
    Link
  • Märchen für alle
    Den Text kann als PDF erofgeluede ginn a matgelies ginn. D’Bicher se musikalesch ënnermoolt.
    Link
  • Il était une histoire
    Märercher aus verschidde Kulture ginn hei als Text mat Biller presentéiert.
    Link

 

Esou Aktivitéite kënnen an der Fräizäit vun de Kanner an hiren Eltere gemaach ginn. Enseignantë kënnen awer och Iddien an hire Wocheplang abauen. Vill Impulser am Kontext vun En neien Ufank an eng Bicherlëscht zum Thema En neien Ufank fënnt een an de PDF-Fichieren ënnen op dëser Säit.

Dës Iddien, grad wéi déi aner Iddien fir d’Journées, kënnen natierlech och zu engem spéideren Zäitpunkt genotzt ginn.

Gär kënnt Dir eis eng Trace vun Äre Produktiounen op anne-marie.antony@men.lu & anne.biesdorf@men.lu schécken.

Mir maachen duerno e Réckbléck op d’Aktivitéite vun de Klassen a vun eenzele Schüler zu de Journées du livre et du droit d’auteur 2020.

All d’Aktivitéite vun den Acteure vum Buch ronderëm d’édition spéciale vun de Journées du livre et du droit d’auteur 2020 fannt Dir op der Facebooksait vun de Journées du livre et du droit d'auteur op www.liesen.lu.

Merci fir d’Matmaachen!

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu