Actualités

Déi nei Editioun vun der Lëtzebuerger Informatiksolympiad steet virun der Dier !

whiteMoca/535124956
28/10/2020

Säit dësem Schouljoer gëtt dat neit Fach Coding an der Grondschoul enseignéiert, fir de Kanner spilleresch d‘Prinzipie vum logeschen Denke bäizebréngen. An noer Zukunft soll dann och am Enseignement secondaire dat neit Fach Computer Science agefouert ginn, fir d’Kanner an déi Jugendlech op déi digital Erausfuerderunge vun der Gesellschaft virzebereeden.

Initiativen am Beräich vun der Vermëttlung vun digitale Kompetenzen existéieren awer scho länger; säit 30 Joer organiséiert d’Lëtzebuerger Informatiksolympiad asbl, mat der Ënnerstëtzung vum SCRIPT, d’Lëtzebuerger Informatiksolympiad, déi et Schüler vun allen Altersstufen an aus all Lycée erlaabt hir Informatikkenntnisser op d‘Prouf ze stellen a sech mat aneren Schüler ze moossen.

De Kick-Off ass den 1.1.2021 an déi grouss Finall wäert de 27. Abrëll 2021 stattfannen. D’Gewënner vun der nationaler Olympiad ginn automatesch selektionéiert fir op der Internationaler Informatiksolympiad, déi vum 20. bis den 27. Juni zu Singapur stattfënnt, deelzehuelen. Och hu se d’Méiglechkeet un der Benelux Olympiad in Informatics den 10 Abrëll deel ze huelen.

An de leschte Joren ass ëmmer méi déi gesellschaftlech Diskussioun opkomm, datt net genuch Fraen am Beräich vun de STEM-Fächer schaffen. Dohir begréisst de SCRIPT natierlech d’Initiativ vun der LIO asbl fir dëst Joer déi éischte Kéier de Schülerinne mat den beschte Resultater d’Méiglechkeet ze ginn, fir bei der éischter Editioun vun der European Girls’ Olympiad in Informatics deelzehuelen.

Dës Initiativ wëll Schülerinnen motivéieren, fir sech méi fir Informatik ze interesséieren an esou den Undeel u Studentinnen an informatesche Studiegäng ze fërderen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu