Actualités

Let’s Talk about Sex! : Guide iwert déi affektiv an sexuell Gesondheet vun Jugendlechen

Infographie
08/12/2020

Am Kader vun dem offizielle Lancement vun der 2. Editioun vun der « Semaine de la santé affective et sexuelle », déi vum CESAS organiséiert gett, ass och en neien Informatiounsguide iwert déi affektiv an sexuell Gesondheet vun Jugendleche virgestallt ginn.

Wéi den Titel et scho verréit, dréit dësen 172 Säite laange Guide, dee fir Professioneller geduecht ass déi mat den Jonke schaffen, sech ëm villsäiteg Aspekter vun der Sexualitéit. E beinhalt nieft sëllechen Informatiounen iwwert ënner anerem Gefiller, Selbstbestëmmung an Genderdiversitéit och e Glossaire esou wéi eng Lëscht mat nëtzlechen Adresse vun Ulafstellen, wou déi Jonk Informatiounen an/oder Hëllef kënne kréien.

Fir de SCRIPT, en aktive Member vun dem Aarbechtsgrupp deen dëse Guide ausgeschafft huet, ass et eng gelongen Zesummenaarbecht vun de Ministèren, Partner an Associatiounen am Kontext vun enger Thematik, déi fir déi Jonk vun Bedeitung ass.

Weider Informatiounen fannt der op www.cesas.lu. Dir kënnt Iech den Guide och direkt hei eroflueden.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu