Actualités

Erklärvideoen zu Be a HEARo

Logo Be a Hearo
05/03/2021

De Projet Be a HEARo, deen op enger laangjäreger Collaboratioun tëschent dem Rocklab an dem SCRIPT grënnt soll de Kanner d’Welt vun der Pop & Rock Musek an hirer ganzer Vilfalt méi no bréngen.

Duerch d’Pandemie konnten d’Concerten, duerch déi d’Kanner op eng pedagogesch a spilleresch Aart a Weis déi verschidde Museksgenren, Beruffer a Facettë vun der Pop & Rock Kultur entdecken, 2020 net stattfannen.

Doropshin huet de Rocklab, an Zesummenaarbecht mam SCRIPT, decidéiert eng Serie vu Videoen ze produzéieren déi dës Theme behandelen an déi och bei enger Reprise weiderhin hire pedagogeschen Zweck als Ergänzung zu den Aktivitéiten an der Rockhal wäerten erfëllen.

Dës edukativ an amusant Videoen, déi sech besonnesch u Kanner vun 9-12 Joer riichten, solle Loscht maachen d'Welt vun der Rock- a Popmusek ze entdecken. A kuerze Clips gesinn d'Kanner wéi sech eng Rock/Pop-Band op e Concert an der Rockhal virbereet - fir d'éischt am Proufsall, an dann op der Bün.

Am zweeten Deel vun der Serie, déi Mëtt Mäerz wäert verëffentlecht ginn, gëtt de jonke Public och mat hannert d’Kulisse vun der Rockhal geholl. Hei gëtt da genau erkläert wat e Soundcheck ass a wéi dësen an der Reegel ofleeft. Zousätzlech ginn et Andréck aus dem Backstage fir ze gesi wat genee do lass ass.

Dobäi gëtt déi ganzen Zäit de Museker.inne wéi och der technescher Equipe iwwert d’Schëller gekuckt a gewisen, wat alles muss virbereet ginn, fir dass de Concert e groussen Erfolleg gëtt. D’Equipp vu mimamu huet baséierend op de Videoen en ëmfangräichen dossier pédagogique mat didaktesche Materialien opbereet, deen all interesséiert Enseignanteën an Enseignanten op www.mimamu.lu fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu