Actualités

Neiegkeeten zum Projet Bicycool

Neiegkeeten zum Projet Bicycool
22/09/2021

Nodeems de SCRIPT-Projet Bicycool schonn Ufank September ganz aktiv war, ënnert anerem beim Tour du Duerf zu Leideleng, beim Tour de Luxembourg a bei dem Autofreie Sauerdall zu Ierpeldeng, gëtt et elo esou lues Zäit nees un d’ Schoul ze denken.

Op der Luxdidac kënnt Dir Iech eist fonkelneit didaktescht Material an der Fit a monter Beewegungskëscht ukucken an och soss gëtt et dëst Schouljoer sou munnech Ännerungen:

  • Mir ginn online via de site www.bicycool.script.lu an all eis Aschreiwunge wäerten och op elektroneschem Wee gemat ginn.
  • Mir proposéieren iwwert d’Wanterméint en Indoor-Lafradprojet fir den Cycle 1, wou mir d’ganzt Material matbréngen (zesumme mam Service des Sports vun der Stad Lëtzebuerg hu mir d’Lafrieder getest an d’Erlabnis krit se an den Halen ze benotzen).
  • No der Ouschtervakanz bidde mir iwwert 4 Wochen e spezifische Geschécklechkeetstraining fir den Cycle 4 als Preparatioun op d’Coupe Scolaire un. Fir dëse Projet gouf och eng Charta mam Automobile club Luxembourg (ACL) ënnerschriwwen, deen eis virun allem logistesch ënnerstëtze wärt.

De Bicycool, wéi e bis elo bestanen huet, geet awer och am zweeten an drëtten Trimester weider.

Och Schoulen, déi en eegenen Projet op d’Been setze wëllen, kënne weider op Ufro vun eiser Berodung profitéieren.

Mir bidden iwwert den Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) och dëst Schouljoer nieft deenen normale Formatiounen Radfahren in der Grundschule och schoulintern Formatiounen un.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu