< retour
De Pilotprojet vun der Alphabetiséierung op Franséisch 'Zesumme wuessen!' start am September 2022 a 4 Gemengen: Diddeleng (Schoul Däich), Déifferdeng (Schoul Uewerkuer) , Schëffleng (Schoul Nelly Stein) a Fiels a gouf vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse (MENJE)/ SCRIPT an enker Zesummenaarbecht mat de Regionaldirektiounen, den Enseignanteën/ Enseignanten an de Gemengeresponsabelen ausgeschafft.
D'Eltere kënnen no Concertatioun mat den Enseignanteën/ Enseignantë wielen, op hir Kanner am Cycle 2.1 op Däitsch oder op Franséisch alphabetiséiert ginn.
D'Preparatioun op d'Alphabetiséierung an der entspriechender Sprooch fänkt am Cycle 1 un, fir dass d'Schülerinnen a Schüler kënnen eng gutt Basis opbauen.
Am Cycle 2 bleiwe gemëschte Klasse bestoen, just an de Sprooche ginn d'Schülerinnen a Schüler opgedeelt.
Als Léiermaterialie gi fir de Pilotprojet d'Bicher aus den internationale Schoule genotzt. D'Socles de compétences aus dem Plan d’Études bleiwe bestoen, just gëtt déi däitsch a franséisch Sprooch inverséiert. Dat heescht, och wann d’Schülerinnen a Schüler op Franséisch alphabetiséiert ginn, léieren se d'Däitscht esou wéi de Moment d’Franséischt enseignéiert gëtt.
D'Lëtzebuergescht spillt och weiderhin eng wichteg Roll an der Grondschoul an d'Dräisproochegkeet gëtt net a Fro gestallt.
De Projet gëtt vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) vun der Université du Luxembourg begleet an d'Enseignanteën/ d'Enseignantë gi souwuel vun Expertinnen/ Experten aus den internationale Schoulen, wéi och duerch Formatiounen, déi vum Institut de Formation de l'Éducation nationale (IFEN) ugebuede ginn, ënnerstëtzt.
Fir weider Froen: alpha@men.lu