Actualités

Journées du livre et du droit d'auteur 2023: Net reell?! - Fantastesch Geschichten

Journées du livre et du droit d‘auteur 2023 : Net reell?! - Fantastesch Geschichten
28/11/2022

'D’Journées du livre et du droit d’auteur' ginn tëscht dem 17. an dem 21. Abrëll 2023 organiséiert. Dës Editioun steet ënnert dem Motto 'Net reell?! - Fantastesch Geschichten'.

D’Evenement riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.

Ëm wat geet et?

Geschichte fërderen d’Fantasie. D’Kanner kënnen a friem Welten andauchen, sech an aner Personnagë versetzen an Empathie entwéckelen.

D’Theema vun 2023 huet zwou Facetten: engersäits geet et ëm literaresch erfonnte fantastesch oder magesch Geschichten, déi d’Lieserinnen an d’Lieser an eng aner Welt wëlle féieren. Anerersäits geet et ëm bewosst verdréinte Geschichten (Ligegeschichten), déi wëllen iwwerzeegen, datt si reell sinn.

Wie géif bestreiden, datt Bicher eng eege Welt schafen? Verschiddener entféieren hir Lieserinnen a Lieser esouguer an e mageschen Universum. Bei deene Jéngste geet et mat de Märercher lass, duerno komme gäre Fantasiegeschichte  mat Hexen, Zauberer, Draachen an anere Fabelwiesen.

An der Fantasy oder Science-Fiction gëtt et esouwuel ganz positiv Entwërf (Utopien), wéi och ganz däischter Welten (Dystopien), déi eis Zukunft beschreiwen.

Och vill Sachbicher setzen sech mat der Zukunft auserneen: technesch Entwécklungen, kënschtlech Intelligenz, d’Zesummeliewe vu muer...

Allerdéngs huet d’Fantasie eng zweet, méi riskant Facette. Aus enger Rumeur mat beschtefalls engem Kär Wourecht kann e Fakt ginn, wann och verdréint an opgebauscht. Och dat ass eng “fantastesch” Geschicht, déi als geséchert gëllt, am Fong awer näischt oder wéineg mat der Wourecht ze dinn huet. Dës Manipulatioun geschitt deels onbewosst, deels ganz absichtlech.

Esou ginn dacks, virun Allem an de soziale Medien, sensationell Hallefwourechten, Rumeuren a Lige verbreet, meeschtens fir aneren ze schueden oder Schlechtes iwwer si ze verzielen: duerfir steet haut de Begrëff Fake News.

Fir d’'Journées du livre et du droit d’auteur' geet et drëm en Esprit critique par rapport zu esou Erzielungen opzebauen.

Och an der erzielender Literatur fënnt ee Geschichten, an deenen d’Wourecht verdréint gëtt: do gëtt iwwerdriwwen, opgebauscht oder carrément gelunn. Dacks geet et drëms, seng Wierklechkeet méi schéin duerzestellen, wéi se reell ass.

Wéi eng Bicher kann een notzen?

Dir fannt am PDF-Dokument ënnen op der Säit eng Bibliographie mat Kannerbicher zum Theema Rumeuren, Ligegeschichten a Fake News. Vill aner Bicher och zu den aneren Aspekter vum Theema sinn awer ganz sécher och an de Schoulbibliothéiken ze fannen.

Wéi kann ee matmaachen?

Méi Informatiounen a konkret Iddie fir d'Journées du livre et du droit d'auteur fannt Dir am PDF-Dokument 'Modalitéiten' ënnen op der Säit.

De SCRIPT offréiert Bicherbongen un d’Schoulen, déi participéieren.

Mir wënsche vill Freed bei den Aktivitéiten!

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu