Actualités

Formatioun 'Liewen op der Achterbunn'

Formatioun 'Liewen op der Achterbunn'
19/05/2023

D’Liewen ass wéi eng Achterbunn: et geet mol biergop, mol biergof, mä et bleift ee meeschtens an der Bunn.

Heiansdo geschéien awer och Accidenter, an iergendwann leeft d’Bunn och méi lues. Dat ass de Laf vum Liewen. An dee Laf fänkt un, soubal ee gebuer ass. Deemno sinn och kleng Kanner, Schüler a Schülerinnen an der Grondschoul, an erwuesse Mënschen hiert ganzt Liewen laang op dësem Karussell drop, an duerchliewen Héichten an Déiften.

Als Erwuessenen huet een am Idealfall geléiert och a manner flotte Situatiounen net opzeginn, mä sech selwer Courage ze maachen, oder sech Hëllef ze sichen wann een se brauch. Ass een awer nach méi jonk, a manner räich un Erfahrungen, da kënne verschidde Situatiounen engem Angscht maachen, et weess een net, ob d’Liewen lo ëmmer sou bleift, oder wéi een sech kéint uleeën, fir dass et engem nees besser geet.

Léierpersonal an de Grondschoulen ass dacks mat méi oder manner klenge Suergen, Ängschten, Froen oder Erliefnisser vun hire Schüler a Schülerinne befaasst. An et ass nëmme mënschlech, dass een net op all Fro a Situatioun déi richteg Äntwert weess.

Bei existenzielle Froen - wéi deenen iwwer Liewen an Doud, iwwer Trauer, iwwer physesch oder psychesch Gewalt oder grousse Krisen kann ee scho mol d’Gefill hunn, mat der Situatioun iwwerfuerdert ze sinn a sech selwer direkt kee Rot ze wëssen.

Wéi kann ech mat engem jonke Kand iwwer e sensibelt Theema schwätzen? Wat maachen ech wann ech mierken, dass e Kand mat enger Situatioun net gutt eens gëtt an et him schlecht geet? Wéi kann ech e Kand stäerken an him Courage maachen?

Nom Gespréich mat bildlecher Präsentatioun sinn d’Participanten invitéiert am Kader vun der 'LuxDidac' um Stand vum SCRIPT mat de Responsable vum Projet ze schwätzen, a si an hir Schoulklass ze invitéieren.

Dës 4 Projete fir d’Grondschoul ginn an engem Gespréich mat de Responsable vum Projet méi genee virgestallt:

  • CHMENKI – Ech sinn de Chef vu mengem Kierper
  • Wat kënnt, dat geet – mat Trauer an Doud ëmgoen
  • KIT – Kriseninterventiounsteam
  • YES – Yoga an Entspanung an der Schoul

 

'Liewen op der Achterbunn: Initiativen am Beräich vun der Stäerkung, Präventioun an Deeskalatioun'

Wéini: 8.Juni 2023, 15h00 - 16h30

Wou: Amphi am Lycée Aline Mayrisch

Aschreiwungen: Description Formation - IFEN (education.lu)

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu