Actualités

'MathemaTIC': Neiegkeeten 2024-2025

''
25/09/2024

Zanter dem Joer 2015 ass d'Léierplattform www.MathemaTIC.lu fir all Schülerinnen a Schüler an Enseignanteën an Enseignanten zu Lëtzebuerg, déi en IAM-Zougang hunn, gratis verfügbar.

D’Plattform riicht sech u Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul, de Klasse vun der Voie de préparation an de Klasse vum Cycle inférieur am Lycée.

'MathemaTIC' ass en interaktiven, digitalen a méisproochege Léierprogramm, deen op d'Bedierfnesser vun de Schülerinnen a Schüler ugepasst ass. Den Inhalt entsprécht de Kompetenze vun de Léierpläng vun der Grondschoul a vun de Lycéeën zu Lëtzebuerg.

Déi verschidde Funktiounen op MathemaTIC.lu erméiglechen den Enseignanteën an Enseignanten hire Mathésunterrecht ze differenzéieren, spezifesch op d'Bedierfnesser vun de Schülerinnen a Schüler ze reagéieren an domat hir Motivatioun ze steigeren.

Ënnen op der Säit ass de Flyer mat de Formatiounen an den Eventer fir d'Schouljoer 2024-2025 fir d'Grondschoulen, Lycéeën a Maisons Relaisen:

Fir weider Informatioune mellt Iech wgl. beim 'MathemaTIC'-Team um 247-75249 oder per E-Mail mathematic@script.lu.

Fichiers à télécharger

Contact