< retour
An der neier Ausgab 'Alles ronderëm d’Schoul' vum online-Magasinn 'Konterbont' gëtt d’Schoul an hire verschiddene Facette beliicht.
Den Artikel 'Wéi d'Schoul sech fir d'Kultur opmécht an ëmgedréit' befaasst sech mat de SCRIPT-Projeten, déi am Kader vun der kultureller Bildung op d’Bee gestallt goufen, wéi ënnert anerem kulturama.lu, 'mimamu (mir maache Musek)', 'makedra (maach (k)een Drama)' a 'Be a HEARo'.
Doriwwer eraus ginn awer och dem SCRIPT seng verschidde Missioune beliicht.
De 'Konterbont' ass fir all Enseignanten/ Enseignanteën a Schüler/ Schülerinne gratis accessibel.
Den Editeur hanner dem 'Konterbont' ass d’ASBL Autisme Luxembourg. Thematesch grenzt de Magasinn sech bewosst vun der Associatioun an dem Theema Autismus of. D’Theema vum Konterbont ass 'Lëtzebuerg an all senge Faarwen'. A verschiddene Rubricke wéi Kultur, Ekonomie, Soziales, Kulinarik, Sport ... gëtt Lëtzebuerg an all senge Facettë beliicht. All Nummer huet e bestëmmtent Theema am Vierdergrond.
D’Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) garantéiert, datt d’Artikelen den aktuellen orthografesche Reegelen entspriechen.
Den Internetsite konterbont.app bitt niewent aktuellen Hannergrond-Informatiounen en zolitten Archiv vun e puer Honnert Artikelen zu ënnerschiddlechen Theemen.