Actualités

NEI: Éducation financière an national Schoulentreprisen

''
25/10/2024

De 24. Oktober 2024 huet de SCRIPT, zesumme mam Ekonomiesministère, de véierten nationalen 'Sustainable Entrepreneurial School'-Dag organiséiert.

Bei de 'Sustainable Entrpreneurial Schools' engagéieren sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen. De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen/Labelen erreechen. Méi Informatiounen zum Projet fënnt een um Internetsite www.entrepreneurship.lu.

Ugefaangen huet den Dag mat engem Rallye fir Schülerinnen a Schüler an enger Formation Continue fir Léierpersounen an Kollaboratioun mat den Partner vum Projet. Um Owend war dann de méi feierleche Moment fir déi 19 Schoulen, déi a Präsens vum M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend am Schouljoer 2023/2024 belount goufen.

Ausserdeem goufen déi dräi Schoulen, déi dëst Joer eng 'EduStart-Up' lancéieren, presentéiert. Dëst sinn de Bouneweger Lycée, de Maacher Lycée an de Lycée Michel Lucius - International School. An dësem Kontext huet de Minister Claude Meisch de Vertriederinnen a Vertrieder vun de Schoulen annoncéiert, datt de Projet vun den 'EduStart-Ups', also de Schoulentreprisen, elo fir all Lycéeë wäert op sinn.

Donieft goufen éischt Detailer vun de Beméiungen am Beräich vun der financial literacy presentéiert. Fir d’nächst Schouljoer soll en neie 'Führerschäin' fir d’éducation financière ausgeschafft ginn, fir déi Jonk fit fir den Ëmgang mat de Suen ze maachen. Dëst Modül kann all Lycée dann als Zousaz hire Schülerinnen a Schüler ubidden.

Ausgezeechent goufen d'Lycéeë fir hiren Engagement op dräi verschiddenen Niveauen:

N1: Start-Up

• Lycée de Garçons de Luxembourg

• École internationale Mersch Anne Beffort

• Lycée Bel-Val

• École Privée Sainte-Anne

• Lënster Lycée International School

N2 : Entrepreneurial Progression

• Lycée Technique Agricole

• École Privée Fieldgen

• École Privée Marie-Consolatrice

• Lycée Technique de Lallange

N3 : Entrepreneurial Culture

• Lycée Nic-Biever

• Maacher Lycée

• Lycée / International School Michel Lucius

• Lycée Robert Schuman

• Lycée Technique d’Ettelbruck

• Bouneweger Lycée

• Atert Lycée, Redange

• École de commerce et de gestion - School of business and management

• Lycée Aline Mayrisch

• Lycée Classique d'Echternach

Den offiziellen Deel vum Owend gouf ofgeronnt duerch Interventioune vum Tom Hermes (Key Note Speaker) vu keeproblem.lu, a vun fënnef Schülerinnen a Schüler, déi iwwer hir Erfarungen am Entrepreneuriat erzielt hunn.

Hei e klengen Zesummeschnëtt vun dem ganzen Dag.

 

Contact