Actualités

Véierten nationale 'Sustainable Entrepreneurial School'-Dag

''
01/10/2024

De 24. Oktober 2024 ass de véierten nationale 'Sustainable Entrepreneurial School'-Dag am Centre de conférences, respektiv am Schapp, an de Rives de Clausen.

D’Evenement riicht sech un d’Lycéesdirektiounen, Coordinateuren/Coordinatricen, interesséiert Léierpersounen, involvéiert Schüler/Schülerinnen an extern Partner.

Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools'

Am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' engagéieren sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen.

De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen erreechen.

Méi Informatiounen iwwert de Projet fënnt een um Internetsite www.entrepreneurship.lu.

Contact