< retour
De SCRIPT war erëm op de 'Walfer Bicherdeeg' vertrueden; dëst Joer awer mat engem Novum, an zwar mat engem eegene Stand.
Et gouf bei de 'Walfer Bicherdeeg' awer och nach eng zweet Ännerung mat der éischter Editioun vum 'après-midi scolaire'. D’Walfer Gemeng, d’Bicherediteuren, de Centre national de littérature (CNL) an de SCRIPT hu freides nomëttes d’Dieren exklusiv fir d’Lycéesklassen opgemaach. Iwwer 150 Schülerinnen a Schüler vun héije Klassen hunn de Wee op Walfer fonnt fir sech z’informéieren. D’Ziler waren:
Samsdes a sonndes waren d’Halen da fir de Grand Public op, deen d’Méiglechkeet krut, fir um neie SCRIPT-Stand déi sëllege Publikatiounen z’entdecken.
Ganz nei erauskomm an exklusiv zu Walfer presentéiert goufen ënner anerem dat neit Liesbuch fir de Cycle 3 'FLOTT – Texter op Lëtzebuergesch fir d’Grondschoul' oder och déi 6. Publikatioun an der 'Allerhand'-Serie vum Nico Helminger: 'f@king love & death sou niewebäi'.
Mee och déi rezent Publikatioune vum Kabutz oder vun de 'SCIDOS'-Dinosaurier hu vill jonk an eeler Lieserinnen a Lieser op de Stand gezunn.